Radioen

On air

Notturno  |  Daily Vacation - Circles

play_arrow Live
arrow_back_ios

Arty Party

100komma7.lu / Arty Party

/ Daniel Wagener

Daniel Wagener

Och dësen Donneschdeg war erëm ee Lëtzebuerger zäitgenëssesche Kënschtler agelueden, der Escher Konschthal hire "Groovy Thursday" musikalesch ze ënnermole mat enger perséinlecher Playlist. Den Daniel Wagener, deen éischter dëse Summer bei de 54. Rencontres d'Arles Ausstellung Opus Incertum en "onséchert Wierk" presentéiert huet, huet dem Ruff geäntwert mam Saz: "There are only two kinds of songs: there's the Blues an there's the zip-a-dee-doo-dah".

Dee Saz kënnt aus engem vun den Titelen an dëser Lëscht, déi mir Iech nach eemol a verkierzter, mee kommentéierter Form virstellen.

Urban photographie, mee och Strukturen, déi se kennen halen a weisen, verbanne sech am Daniel Wagener senger Konscht zu bedeitungsvollen a fei kalibréierten Installatiounen.

Playlist:


Doc Watson - Shady Grove
Dale Hawkins - Everglades
Sanford Clark - Still As The Night
Blaze Foley - Oval Room
Townes van Zandt - If I Needed You
Guy Clark - Anyhow, I Love You
Pete Drake - Forever
Eddie Noack - Psycho
Mamie Perry, Gus Jenkins Orchestra - My Baby Waited Too Long
Bo Diddley - Down Home Special
Hank Williams, Drifting Cowboys Six More Miles (To The Graveyard)
Abner Jay - Woke Up This Morning
Hank Thompson And His Brazos Valley Boys - Oklahoma Hills
James Carr - The End Of The Street

Kultur
Musek

Episoden

Sarah Schleich

Mir schwätze mat der zäitgenëssescher Kënschtlerin iwwer hir Aarbecht, d’Molen, d’Bitzen an d’Museklauschteren. An iwwer hir Groovy Thursdays Playlist an der Escher Konschthal ...
headphones

60 min

play_arrow

Andrea Mancini (Cleveland)

Den Donneschdeg, 20. Juli, leeft an der Escher Konschthal eng Playlist vum Elektro-Museker an Tounkënschtler Andrea Mancini - alias Cleveland, deen zu Bréissel lieft a schafft.
headphones

59 min

play_arrow

Claudia Passeri

Méi modern wéi modest, méi modest wéi modern - esou kënnegt sech dëser Kënschtlerin hir eklektesch Playlist un.
headphones

56 min

play_arrow

Pit Riewer

De Kënschtler mat engem gelungenen a melancholesche Mix, deen elektresch an eklektesch ass, awer a senger Komplexitéit ganz danzbar bleift.
headphones

56 min

play_arrow

Tina Gillen

Mat Musek bréngt d'Molerin Tina Gillen hir Konzentratioun op den Héichpunkt. Lauschtert hir Playlist!
headphones

57 min

play_arrow

Daniel Wagener

"There are only two kind of songs; there's the blues and there's zip-a-dee-doo-dah"

Julien Hübsch

"A sonic ride through the various phases of my work/life (im)balance..." beschreift de Lëtzebuergesche Kënschtler a Museker Julien Hübsch séng Playlist fir d'Groovy Thursdays, de leschten Do
headphones

56 min

play_arrow

Eric Schumacher

De Lëtzebuerger Kënschtler Eric Schumacher huet dës Kéier d'Playlist ausgewielt. Motto: "A diverse, quirky selection of mystic grooves, mellow melodies, rousing noise and much in between."
headphones

61 min

play_arrow

Hisae Ikenaga

Eng Playlist vun der zäitgenëssescher Kënschtlerin Hisae Ikenaga, inspiréiert un hirem 17. Liewensjoer
headphones

55 min

play_arrow
Vera Kox - A look through the window: hoarfrost and demon hosts

Vera Kox - A look through the window: hoarfrost and demon hosts

Groovy Thursdays an der Escher Konschthal: eng Summer-Playlist vun engem/r Kënschtler/in. Den 100,7 iwwerhëlt Ausschnëtter am Gespréich mat de Kënschtler:innen.
headphones

57 min

play_arrow