Radioen

On air

De Moien  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

Aktuelles

100komma7.lu / Aktuelles

/ Manner Aartevillfalt an de Flëss

Manner Aartevillfalt an de Flëss

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow

D'Biodiversitéit an den europäesche Bannegewässer ass amgaang ze stagnéieren. Dat geet aus enger Etüd vum Luxembourg Institute of Science and Technology ervir, déi d'Unzuel u Liewewiesen ouni Wirbelen analyséiert huet. Nodeems sech d'Waasserqualitéit bis 2010 verbessert huet, ass d'Aartevillfalt an de Flëss an de leschte Joren erëm amgaang ofzehuelen. Detailer vum Sophie Schroeder

Noriichten

Episoden

D'Fraen am Afghanistan

Virun zwee Joer hunn déi islamistesch Taliban am Afghanistan d'Muecht iwwerholl. Zanterdeem huet sech d'Situatioun virun allem fir d'Fraen an d'Meedercher am Land extreem verschlechtert.
headphones

0 min

D'Gesetz iwwer den Ombudsman: Reform schleeft

Anescht wéi am Koalitiounsaccord vun der Regierung virgesinn, gouf d'Gesetz iwwer den Ombudsman an dëser Legislaturperiod net reforméiert.
headphones

3 min

play_arrow

Radiologie: Skepsis géintiwwer Investisseuren ass grouss

Ee Grupp vun Investisseure géif gären een neie Radiologiezentrum zu Esch ubidden. Dat ass mam neie Gesetz iwwer de Virage ambulatoire prinzipiell méiglech.
headphones

3 min

play_arrow

Solidaritéit a Slowenien no de schroen Iwwerschwemmungen

D'Regierung huet fir e Méindeg e Solidaritéitsdag ausgeruff, op deem net geschafft gëtt, an d'Leit d'Méiglechkeet kréien, bei den Botz- an Opraumaarbechten ze hëllefen.
headphones

0 min

649 Kandidaten trieden den 8. Oktober un

Bei de Chamberwalen a knapp zwee Méint wäerte méi Parteien oder Gruppéierungen untriede wéi bei de leschte Walen 2018.
headphones

3 min

play_arrow

EU verurteelt Situatioun am Belarus

Virun dräi Joer gouf am Belarus de President Alexander Lukashenko erëmgewielt gouf. D'Resultat vun deene Wale gouf international net unerkannt.
headphones

3 min

play_arrow

Naturkatastroph a Slowenien

Nom schwéiere Reen de Weekend kämpft Slowenien mat enger Naturkatastroph mat immensen Ausmoossen. Sechs Leit koumen duerch d'Iwwerschwemmungen ëm d'Liewen.
headphones

3 min

play_arrow

Make Love not War

Erklärungen zu der ëmstriddener Message-Serie op FB vun déi Lénk vum Serge Tonnar, deen d'Iddi dofir hat, a vum Co-Parteispriecher Gary Diderich
headphones

4 min

play_arrow

Den Trump plaidéiert (nees) op onschëlleg

Dës Kéier am Prozess ëm de Stuerm op de Kapitol de 6.1.2021. De fréieren amerikanesche President gouf ë. a. wéinst Conspiratioun géint de Staat zu Washington ugeklot.
headphones

2 min

play_arrow

Fonds de travaux elo obligatoresch fir Koproprietéiten

Zanter dem 1. August musse Leit, déi eng Wunneng an enger Koproprietéit besëtzen, an ee Fong fir Aarbechten abezuelen.
headphones

2 min

play_arrow