Liewe fir de Veräin
Patrick de la Hamette
43 min
Datt hautdesdaags jiddwereen ee Computer, een Handy oder vläicht en Tablett huet, ass wäit gefeelt. Elektronik kascht Suen, iwwer déi d'Leit net alleguerte verfügen. Op där anerer Säit leeschte sech vill Mënsche reegelméisseg deen neisten Handy oder Computer. Wat geschitt da mat deenen alen Apparater? Ewech geheien? Oder ass et net vläicht besser, ee funktiounsfäegen Apparat, Mënschen zegutt kommen ze loossen déi sech déi soss net leeschte kënnen? A genee dorop baséiert d'Iddi vun der ASBL Digital Inclusion. Weider Detailer gëtt hire Grënner an Direkter.