Eise Song vum Dag ass al - e gouf 1931 geschriwwen a gouf séier zu engem Standard vun der populärer Musek am Amerika vun der grousser Wirtschaftskris. De Fabian Andre an de Wilbur Schwandt hunn d'Musek komponéiert an de Gus Kahn huet d'Wierder geschriwwen. Batterséiss Interpretatiounen an alle Faarwen a Manéieren hu verschidde Sänger opgeholl, dorënner den Nat King Cole, de Michael Bublé, de Bing Crosby, de Louis Armstrong an d'Ella Fitzgerald. Am erfollegräichste war den Titel awer an der Versioun vun der Cass Eliott, déi 1968 grad aus der Scheedung mat de Mamas and the Papas erauskoum. Dës Versioun, déi genee haut (27.7.) hir 55 Joer feiert, ass dem Marc Clement säi Song vum Dag.
arrow_back_ios
Song vum Dag
Der Cass Eliott hir éischt Solo-Single ... op Margréidercher
headphones
5 min
Lauschteren
play_arrow