Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - Bindweed & Ivy

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

100komma7.lu / Presserevue

/ Presserevue

Presserevue

headphones

4 min

Lauschteren play_arrow

70 Joer nom Enn vum Korea-Krich ass den 93 Joer ale Lëtzebuerger Veteran Léon Moyen zesumme mam Premier op Besuch a Süd-Korea, schreift dozou d'Lëtzebuerger Wort. Rieds geet op der Titelsäit vun engem Dag vun den Erënnerungen a vun den Emotiounen. Erënnert gëtt un de Waffestëllstand tëschent Nord- a Süd-Korea de 27. Juli 1953, also haut viru 70 Joer.

Och de Quotidien schreift iwwer d'Souvenire vum Veteran: de Korea-Kämpfer hätt näischt vu senge Missioune vergiess.

A Süd-Korea wéisst jidderee wien d'Lëtzebuerger sinn, esou zitéiert d'Tageblatt aus engem Interview a Süd-Korea mam Direkter vum Dikrecher Militär-Musée: de Benoît Niederkorn ass responsabel fir eng Ausstellung iwwer déi Lëtzebuerger Bedeelegung am Korea-Krich.

Noriichten

Episoden

Editioun vun 8:15

D’Caritas ass wéinst engem risege Finanzbedruch a Schwieregkeeten a bannent der Piratepartei ginn d'Spannungen ëmmer méi grouss, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

3 min

play_arrow

Editioun vun 8:16

Den Dan Hardy wëllt den neie Gast Gybérien sinn, d'Vakanz dauert ze laang a Verbuet oder Net-Verbuet, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Den Dan Hardy wëllt den neie Gast Gybérien sinn, d'Vakanz dauert ze laang a Verbuet oder Net-Verbuet, eis Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8:16

Campéiere laanscht d'Musel, d'Piraten an de Laberenten an interessant Zuele vun der Pensiounskeess: eis Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Campéiere laanscht d'Musel, d'Piraten an de Laberenten an interessant Zuele vun der Pensiounskeess: eis Theemen an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vun 8:15

Den Gender-Pay Gap besteet weider, d'Schied duerch Klimaevenementer ginn ëmmer méi deier an d'Pirateschëff am Stuerm, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7:16

Den Gender-Pay Gap besteet weider, déi franséisch Frontaliere si geplot an d'Pirateschëff am Stuerm, eis Theemen haut an der Presserevue.
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Personalkarussell an der Chamber, Keimer an der Sauer a Waardezäite fir Frontalieren, eis Theemen haut an der Presserevue
headphones

4 min

play_arrow

Editioun vu 7:15

D'Attentat op den Donald Trump a seng Konsequenzen, Salairen, fir déi sech Enseignanten net musse schummen, an den Denkmalschutz, deen zu Lëtzebuerg ze liicht kann ëmgaange ginn.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Pride Week, en Telefonsmast zu Koplescht a Kaméidi tëschent der Luxair an engem Youtuber
headphones

6 min

play_arrow

Editioun vun 08:16

Schläichweeër, eng Zukunft fir d'Gebléishal an e Kongress, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 07:15

Schläichweeër, eng Zukunft fir d'Gebléishal an e Kongress, dat sinn eis Themen haut an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vun 8h15

Méi deier Poubellen, d'Verhandlungen iwwer eng nei TICE-Konventioun a Bedruch via Telefon
headphones

5 min

play_arrow

Editioun vu 7h15

Neien Tëschefall bei der Police, méi deier Poubellen a Bedruch via Telefon
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

Muechtkämpf bei der LSAP, d'Nowierkunge vun der Corona-Infektioun an de Long-Covid an een neien Apparat fir Häerzrhythmusstéierunge virauszesoen, sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Muechtkämpf bei der LSAP, d'Nowéie vun der Gaardenhaischen-Affär an den Äerdrutsch um Crassier zu Déifferdeng sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 8h15

Déi schwiereg Regierungsformatioun a Frankräich ass en Theema an der Presserevue, donieft geet et ëm d'Psychomotoriker an en Untersuchungsprisonéier, dee sech beschwéiert.
headphones

6 min

play_arrow

Editioun 7h15

Zwee Deeg no de Walen a Frankräich an nodeems de rietsextreeme Rassemblement National ecartéiert gouf, gëtt elo eng nei Regierung gesicht, mee dat ass guer net esou einfach.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 8h15

D'Walen a Frankräich, déi Lëtzebuerger NATO-Participatioun an en Hickhack beim DAP Inclusion sinn Theemen an der Presserevue.
headphones

5 min

play_arrow

Editioun 7h15

Grousst Opootmen net nëmmen a Frankräich, och déi lëtzebuergesch Zeitunge sinn erliichtert, datt de rietsextreemen RN nëmmen drëttstäerkste Kraaft gouf, si warnen awer och virun ze vill Euphorie.
headphones

4 min

play_arrow