Panorama
Panorama
12 min
1. An der Chamber gouf de Mueren dat neit Finanzéierungsgesetz fir de radio 100,7 gestëmmt
2. Mam neie Gesetz iwwer Bodycams wäerten d'Polizisten zukünfteg hir Asätz filmen. Mee ëmgedréit dierften och Zivilisten d'Beamte filmen, mengt den Affekot a Mënscherechtsaktivist Frank Wies
3. Den OGBL-Syndikat Bau gesäit sech duerch de Rapport vun der Konkurrenzautoritéit iwwer den Immobiliesecteur a senge Kriticke confirméiert, ass awer net mat allen Aussoen averstanen
4. De Chômagetaux hei am Land louch am Juni bei 5,2 Prozent
5. Ëmmer méi Tensiounen tëschent Irak a Schweden wéinst Demonstratioun a geplangter Verbrennung vun engem Koran
6. Griichenland preparéiert sech op eng weider Hëtztwell