Panorama
Panorama
13 min
1. Vum 1. September 2026 u gëllt d'Schoulflicht bis 18 Joer. Dat entspriechend Gesetz gouf de Mueren an der Chamber gestëmmt
2. De Mobilitéitsminister François Bausch berouegt: Beim TICE wiere keng Aarbechtsplaze menacéiert. D'Personaldelegatioun hat do virdru virun engem Plazenofbau gewarnt
3. D'Dikrecher CSV-DP-Koalitioun steet voll hanner der Nordstad-Fusioun mat fënnef Gemengen, betount den neien CSV-Buergermeeschter Charel Weiler
4. Moskau wäert eng Liwwerung vun F16-Kampffligeren un d'Ukrain als atomar Bedroung ophuelen. Déi Warnung huet de russeschen Ausseminister Sergueï Lawrow haut an engem Interview mat enger russescher Onlinezeitung ausgeschwat
5. Zu Hollywood streiken zanter Woche schonn d'Dréibuchauteuren, elo riskéieren och d'Schauspiller hir Aarbecht nidderzeleeën, am Sträit iwwer méi Paie a Garantië géint den Asaz vu Kënschtlecher Intelligenz. De ganze Secteur riskéiert zesummenzebriechen