Panorama
Panorama
10 min
1. Zweeten Dag vum Nato-Sommet a Litauen. En Treffe mam Wolodymyr Selenskij steet haut am Mëttelpunkt. Wat déi finanziell Bäiträg vun den Nato-Länner ugeet, huet Lëtzebuerg eng Ausnam ausgehandelt
2. De Pappecongé gëllt an Zukunft och fir Independanten a fir den zweeten Elterendeel an enger gläichgeschlechtlecher Koppel
3. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert eng Zort Ombudsman fir Mënscherechter, an datt d'Regierung méi op si lauschtert
4. A Frankräich gouf dee klengen Emile nach ëmmer net fonnt. De Bouf ass zwee an en halleft Joer al, hien ass virun dräi Deeg an den Alpes-de-Haute-Provence verschwonnen, et géif nach ëmmer keng Indicen an Informatioune ginn, soen d'Enquêteuren