Panorama
Panorama
15 min
1. Um NATO-Sommet zu Vilnius kritt d'Ukrain keng offiziell Invitatioun fir Member ze ginn, d'NATO-Länner engagéiere sech awer fir d'Ukrain weider militäresch ze ënnerstëtzen
2. De Bundespresident Steinmeier huet missten annerhallef Stonn um Findel waarden, et gouf en techneschen Defekt um Fliger vun der Luftwaffe
3. Schwéier Donnerwiederen a Frankräich gemellt, Alerten an 22 Departementer
4. De Pappecongé gëtt ugepasst: an Zukunft och fir Independanten an den zweeten Elterendeel vu gläichgeschlechtleche Koppelen
5. Marc Baum, Carole Thoma, Gary Diderich a Line Wies sinn déi véier Spëtzekandidate vun déi Lénk am Süden
6. Den Aly Kaes krut offréiert fir bei de Chamberwale fir d'Piraten ze kandidéieren, nodeems d'CSV hien net méi mat an d'Walen hëlt
7. Déi consultativ Mënscherechtskommissioun fuerdert en Ombudsman fir Mënscherechter
8. Croix Rouge a Chambre immobilière ënnerschreiwen eng Konventioun fir Leit an Nout abordabel Wunnengen ze fannen
9. D'Faillitte sinn am éischte Semester ëm 10 Prozent par Rapport zum leschte Joer geklommen
10. Haut war eng Rekonstitutioun vum Mord un engem 25 Joer ale Mann, am Januar op engem Fussballterrain zu Esch
11. De Spuenier Pello Bilbao gewënnt déi zéngt Etapp vum Tour de France
12. Wimbledon: Jelina Switolina a Marketa Vondrousova stinn an der Halleffinall