Europa Aktuell
Wéi stëmmen déi Lëtzebuerger Europadeputéiert dës Woch of?
4 min
Wichteg Decisioun dës Woch iwwer dat europäescht Naturschutzgesetz, an zwar e Mëttwoch am Europaparlament. Dat ëmstriddent Gesetz schreift vir, datt op d'mannst een Drëttel vun den Ekosystemer an Europa restauréiert musse ginn.
Et war schonn an der Ëmwelt- an an der Agrarkommissioun duerchgefall, elo awer stëmmen déi ronn 700 Europadeputéiert alleguerten doriwwer of. Seet och do eng Majoritéit Neen, ass den Text bis op Weideres vum Dësch.
D'Géigner vum Gesetz setze sech och dofir an, datt net elo, mee eréischt am Hierscht ofgestëmmt gëtt. Dat decidéiert sech haut (10.7.) am Nomëtteg, wann déi lescht Plenière vum Europaparlament virum Summer zu Stroossbuerg ufänkt.
D'Danièle Weber informéiert.
Episoden

Georges Mischo: Lëtzebuerger Positioun bleift déi nämmlecht
Op senger éischter Reunioun op EU-Niveau huet de Lëtzebuerger Aarbechtsminister et mat engem alen Dossier ze dinn: der Koordinaitoun vun de Securité Sociale Systemer.

London: Sport als Preventioun géint Gewalt duerch Messerattacken
Wéi d'Associatioun Steel Warriors mat Sport géint d'Gewalt wëllt virgoen. Ee Reportage aus Lambeth am Süde vu London
Schockwellen aus Holland
D’Resultat vun de Parlamentswalen an Holland deet Europa schudderen.
EU-Anti-SLAPP-Gesetz kéint u Substanz verléieren
Dat geplangten Anti-SLAPP-Gesetz, dat soll verhënneren, datt Geriichtsprozedure lancéiert gi fir Leit anzeschüchteren, steet ënner Drock.
EU-Parlament verwerft nei Reegele fir Pestiziden
Eng Majoritéit am EU-Parlament seet Neen zur Propos vun der EU-Kommissioun, den Asaz vu Pestizide bis 2030 ëm 50 Prozent ze reduzéieren.
EU wëllt Verpackungsdreck reduzéieren
D'Europaparlament stëmmt iwwer nei Reegele fir d‘Verpackungen of.

Wéi pro-europäesch ass schwaarz-blo?
De Koalitiounsaccord vun der neier Regierung ass public. Wat ännert an der EU-Politik?

P-Fas: Een europäesche Problem
P-Fas steet fir eng Famill vu cheemesche Substanzen, déi net onbdenklech fir Mënsch an Emwelt sinn. Déi Gefor gouf dacks ënnerschat.
Een net ganz appetittleche Cocktail
D'Chemikalien PFAS a Glyphosat sinn dës Woch erëm op der europäescher Menuskaart gelant. Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF kommentéiert.

Nicolas Schmit als Spëtzekandidat vun den EU-Sozialisten: Nach ee laange Wee
Den Nicolas Schmit huet Ambitioune fir Spëtzekandidat vun den Europäesche Sozialisten ze ginn. Wéi gutt sti seng Chancen?

Polen: Waarden op déi nei Regierung
Déi liberal Oppositioun a Polen hofft op Verännerungen. Dat betrëfft virun allem och d'Zivilgesellschaft. Mee et ass nach Gedold gefrot.
Portugal: Diskussioun iwwer Korruptioun nei lancéiert
A Portugal steet d'Enquête iwwer d'Korruptiouns-Affär nach ganz um Ufank, nodeems de Premier Antonio Costa demissionéiert huet.
No bal 20 Joer EU-Rotssëtzungen: Jean Asselborn seet Äddi
De Jean Asselborn hat no bal 20 Joer seng lescht Reunioun vum EU-Ministerrot. Wéi kuckt hien zeréck?
Spuenien: Amnestie-Accord vum Pedro Sanchez an der Kritik
A Spuenie gouf de Weekend géint Konzessioune protestéiert, déi de Premier Sanchez vis-à-vis vu Separatisten gemaach huet.
EU-Kommissioun enquêtéiert géint Internet-Risen
Bréissel pocht drop, datt déi europäesch Reegele respektéiert ginn.
Portugal: Regioun Douro wiert sech géint d'Kris am Wäinsecteur
De portugisesche Wäin-Secteur ass an der Kris. De Konsum geet erof an d‘Präisser erop. Déi concernéiert Wënzer am Douro probéieren ze reagéieren.
Ukrain als neien EU-Member: Wéi séier kéint dat goen?
D'EU-Kommissioun recommandéiert, datt Bäitrëttsgespréicher mat der Ukrain a Moldawie sollen opgeholl ginn. Wéi realistesch ass et, datt béid Länner Member vum Club ginn?
"Nettoyage social" virun den Olympesche Spiller?
Nächste Summer sinn zu Paräis déi Olympesch Spiller - am Virfeld géing elo schonn domat ugefaange ginn ze botzen - dat soen ONGen , déi virun engem "nettoyage social“ warnen.
Schengen-Raum: Grenz-Kontrolle kéinten zur Normalitéit ginn
D'Verhandlungen tëschent EU-Parlament a Memberlänner iwwer d'Reform vum Schengen-Raum fänken un. Gestridde gëtt virun allem iwwer Grenzkontrollen.
Spuenien: Sanchez kritt Support vu PS-Memberen
A Spuenie probéiert de Premier Pedro Sanchez eng nei Regierung ze forméieren. Gëschter huet eng Majoritéit vun de Membere vu senger sozialistescher Partei Jo zu sengem Koalitiouns-Accord gesot.
Deen Alen ass deen Neien
Den Dënschdeg huet de Bayresche Landtag de Markus Söder zum Minsiterpresident zeréckgewielt.
Belsch a Spuenien: Méi Flësseggas aus Russland
D'EU huet dëst Joer fir iwwer fënnef Milliarden Euro Flësseggas aus Russland akaf, dat ass méi wéi virum Ukrain-Krich. Spuenien huet am meeschte russeschen LNG importéiert. Duerno komme Frankräich an d'Belsch.
Eurodreams: Spill mat Aussiicht op Fréipensioun
Den Erléis vun der Lotterie Eurodreams ass fir ee gudden Zweck - mee d‘Konkurrenz mat anere Spiller ass grouss. An et gëtt och Kritik.

Remarkabel éischt Zeilen
A Bayern steet de Koalitiounsaccord tëschent CSU a Freie Wähler.
De penibele Monni
D'RTBF-Europachronik iwwert de Sommet vun de leschten Deeg
EU-Sommet: Ukrain soll net op déi zweet Plaz réckelen
Wéi geet d‘EU virun mam Krich an der Ukrain ëm? A wéi gouf den ungaresche Premier Viktor Orban um EU-Sommet empfaang no sengem "Handshake" mam russesche President?

Nom Attentat: Wéi ginn d'Enseignanten a Frankräich domat ëm?
Den Alldag a franséische Schoulen nom islamisteschen Attentat vum 13. Oktober: Wéi denken d‘Enseignanten doriwwer?
EU-Kommissioun wëll neien Elan fir d'Wand-Energie
D'Wand-Energie kënnt aus Europa - ma de Secteur huet den Ament ze kämpfen. D'EU-Kommissioun wëll en nei lancéieren.
EU oneens iwwer Fuerderung no Wafferou
Ee Waffestëllstand oder eng humanitär Paus an der Gazasträif? D'EU diskutéiert iwwert eventuell Appeller un d'Address vun Israel.
