Radioen

On air

Tockcity  |  DJ Koze, Arnim, The Düsseldorf Düsterboys - Wie Schön Du Bist

play_arrow Live
arrow_back_ios

Al Schanken

100komma7.lu / Al Schanken

/ Al Schanken

Al Schanken

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Den Jon Cleary, Joergang 1962, ass e gebiertegen Englänner, mee doheem ass hien zanter Joren zu New Orleans, wou hien e musikalesche Mix aus Funk a Rhythm'n'Blues proposéiert. De Groove ass ëmmer derbäi!

Hie steet muer (8.7.) op der Affiche vum Blues Express zu Déifferdeng, och am Oktober 2015 hat hien do schonn en Optrëtt am Ale Stadhaus. De Pianist gëtt dacks begleet vu senger Band The Absolute Monster Gentlemen. 2016 goufe si mat engem Grammy (best regional roots music album) fir hire Release "Go Go Juice" ausgezeechent. Och d'Bandmuseker kommen alleguer aus New Orleans.

Do, an der Maple Leaf Bar, gouf 2008 de Live-Album "Mo Hippa" opgeholl, deen hei bei eis am Asaz ass.

D'Playlist:


Johnny Guitar Watson - Gangster Of Love (single, 1978)
Jon Cleary and the Absolute Monster Gentlemen - When You Get Back (live) (Mo Hippa, 2008)
Jon Cleary and the Absolute Monster Gentlemen - Mo Hippa (live) (Mo Hippa, 2008)
The Clash - Jimmy Jazz (London Calling, 1979)
Los Lobos - That Train Don't Stop Here (Kiko, 1992)
Stevie Ray Vaughan - Pride And Joy (Pride And Joy, 1983)
Widespread Panic - Sympathy For The Devil (live) (Jackassolantern, 2002)
Widespread Panic - Sex Machine (live) (Jackassolantern, 2002)
Peter Frampton - Do You Feel Like We Do (live) (Frampton Comes Alive, 1976)

Musek

Episoden

It’s only rock’n’roll…

…but I like it: de Songtitel aus dem Rolling Stones Album mam selwechten Numm aus dem Oktober 1974 kéint duerchaus och de Motto vun hirer Karriär sinn.
headphones

60 min

play_arrow

Bob Dylan – live & revisited

Den 28. Oktober kënnt de Bob Dylan, no sengem Optrëtt am Abrëll 2017, eng weider Kéier an d‘Rockhal. An den Ale Schanken proposéiere mir Extraiten aus zwee Live-Albumme vun him an eng etlech Coverversiounen.
headphones

60 min

play_arrow

Calexico live

“Feast Of Wire” ass dee 4. Studioalbum vun der US-Indie-Band Calexico, déi reegelméisseg Tex-Mex-Kläng an hire Kompositiounen derbäi hunn. Hir Heemechtsstad Tucson/Arizona ass net ze iwwerhéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Eng nei Saison fir déi al Schanken!

Beim Grëff an déi musikalesch Archivkëscht kënnt Dir Lidder “vun deemools“ erëmhéieren oder awer nei entdecken. Et si bekannten Nimm derbäi an där, déi scho bal an de Vergiess gerode sinn ...
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Rockin’ the 90ies!
headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

Thin Lizzy & Chappo live!
headphones

60 min

play_arrow

Vertounte Geschichten

Eng Stonn an där mir am Genre "Songwriting“ ënnerwee sinn, mat Geschichten, déi an de leschte Joren a Joerzéngte vertount an erzielt goufen ...
headphones

60 min

play_arrow

Paul Weller live

Rock a Pop fir erëmzehéieren oder fir ze entdecken.

Osibisa live

Osibisa ass d’Band ronderëm de Saxofonist Teddy Osei aus dem Ghana - hien huet d’Formatioun 1969 zesumme mat afrikaneschen a karibesche Museker gegrënnt.
headphones

60 min

play_arrow

Rare Earth live

Rare Earth aus Detroit Michigan war eng vun de rare Formatioune mat wäisse Museker, déi Enn de Sechzegerjoren um Label Motown aktiv war.

Back to the seventies (2/2): 1975-1979

Rock a Pop sinn no knapps engem Joerzéngt net méi aus der Jugendkultur ewechzedenken - a wéi ze erwaarden zitt d’Musekindustrie séier mat a séchert sech hiren Undeel um massive Konsum.
headphones

60 min

play_arrow

Back to the seventies (1/2): 1970-1974

Nodeems Rock a Pop sech an de Sechzeger Joren hir Plaz an der Musekskultur erspillt hunn, geet d’Erfollegsgeschicht dat Joerzéngt duerno monter weider.
headphones

60 min

play_arrow

Revisited

Coverversioune vu Lennon/McCartney a vun Jagger/Richards - et erkennt ee se wuel erëm, mee vill dovunner droen zousätzlech d’Handschrëft vun deenen, déi se interpretéieren.
headphones

60 min

play_arrow

Black Pumas live

Black Pumas ass den Duo Eric Burton (Gesang) / Adrian Quesada (Gittar a Produktioun) plus backing band ronderëm déi zwee Museker aus Austin, Texas.
headphones

60 min

play_arrow

Al Schanken

headphones

60 min

play_arrow