Panorama
Panorama
14 min
1. Bei der ADR gëtt et e weidere Sträit ronderëm Kandidatelëschten: am Nordbezierk si véier Comitésmembere aus der Partei ausgetrueden
2. Debatt an der Chamber iwwer d'Working-poor zu Lëtzebuerg, 13,5 Prozent vun de Beschäftegte wieren, trotz enger Aarbecht, vum Aarmutsrisiko betraff
3. An der Chamber goufen zwee Bauprojete gestëmmt: en neit Fleegeheem zu Rëmeleng an de Vëlodrom zu Munneref
4. Neien Accord fir däitsch Frontalieren: vun 2024 u kënnen och si bis zu 34 Stonnen vun doheem aus schaffen ouni an Däitschland musse Steieren ze bezuelen
5. Policeasaz am Lycée Michel Rodange wéinst enger Titche mat wäissem Pudder
6. Déi europäesch Liewensmëttelsécherheet gesäit kee Grond fir de Glyphosat net fir weider fënnef Joer zouzeloossen
7. Tour de France: den Tadej Pogacar gewënnt déi sechst Etapp haut, de Jonas Vingegaard iwwerhëlt de Maillot Jaune