Panorama
Panorama
11 min
1. Och däitsch Frontaliere sollen zukünfteg bis zu 34 Deeg d'Joer Homeoffice kënne maachen, ouni an hirer Heemecht musse Steieren ze bezuelen
2. Zu Lëtzebuerg géif et ëmmer méi heefeg Fäll vu queerfeindlecher Gewalt, betount de Laurent Boquet vu Rosa Lëtzebuerg am 100,7-Interview
3. Bis elo gouf hei am Land nach keng Strof gesprach géint eng Persoun, déi Gewaltvideoe verbreet huet. Et mécht ee sech domat awer strofbar
4. Et géif kee Grond fir d'Zouloossung fir Glyphosat an der EU net ze erneieren. Zu där Conclusioun kënnt déi europäesch Liewensmëttelsécherheet an engem neie Rapport
5. An Nordrhein-Westfalen huet den däitsche Parquet eng presuméiert islamistesch Terrorzell opgedeckt. Siwe Verdächteger goufe festgeholl