Panorama
Panorama
14 min
1. Rekord-Temperaturen a wéineg Reen: De Mount Juni war dee wäermsten a sonnegsten zanter datt Opzeechnungen um Findel gemaach ginn, esou de Bilan vu Meteolux
2. D'Klima-Auer tickt an de Klimaschutz misst eng Prioritéit bleiwen, esou d'ONGe vu Votum Klima, si hunn de Mëtteg virun der Chamber hir Revendicatioune virun de Chamberwalen am Hierscht presentéiert
3. No Aarbechten am Tunnel Schieburg: Zuchstreck an den Norden tëschent Kautebaach a Clierf geet 5. August nees op, duerno sinn awer weider Aarbechten op der Nord-Streck geplangt, esou de Minister François Bausch
4. Manner Drogendoudeger wéinst Iwwerdosis, mee méi Konsum vu Kokain zu Lëtzebuerg, esou neie Rapport vun der Santé
5. De Militärasaz vun der UNO am afrikanesche Land Mali gëtt bis d'Enn vum Joer ofgeschloss. Och déi Lëtzebuerger Zaldoten am Mali ginn elo ofgezunn
6. Tour de France: Belsch Jasper Philipsen wënnt drëtt Etapp am Sprint