Panorama
Panorama
10 min
1. En tragescht Ongléck war et gëschter am spéiden Nomëtteg zu Bäerdref, en néng Joer ale Bouf ass e puer Meter Déif erofgefall a gouf déidlech blesséiert
2. Haut ass e weideren Test vum nationalen Alarmsystem Gouvalert, dofir gi landeswäit d'Sireene getest, souwéi d'App GouvAlert
3. D'Organisateure vun der Foire agricole, déi gëschter zu Ettelbréck op en Enn goung, zéien e positive Bilan, méi wéi 45.000 Visiteuren goufe gezielt
4. No deeglaangen Onrouen schéngt d'Situatioun a Frankräich sech lues a lues ze berouegen, d'lescht Nuecht gouf et eng 70 Arrestatiounen
5. Bei Eurojust (European Union Agency for Criminal Justice Cooperation) zu Den Haag soll an Zukunft en eegenen Zentrum fir d'Poursuite vun der russescher Aggressioun an der Ukrain geschafe ginn
6. Bei engem Liichtathletik-Meeting an der Schwäiz leeft déi Lëtzebuerger Liichtathletin Patrizia Van der Weken d'100 Meter an eelef Sekonnen a fënnef Honnertstel, si ass domadder fir d'Olympesch Spiller zu Paräis qualifizéiert