Panorama
Panorama
12 min
1. A Frankräich schléisst d'Premierministesch Elisabeth Borne d'Deklaratioun vun engem Etat d'Urgence wéinst de gewaltsame Protester géint d'Police déi lescht Deeg net méi aus
2. Wärend um EU-Sommet zu Bréissel weiderhin iwwer déi europäesch Asylpolitik diskutéiert gëtt, ass d'Flüchtlingslager op Lampedusa hoffnungslos iwwerfëllt. All Dag kommen Dausenden nei Migranten op der italieenescher Insel un
3. D'Inflatioun an der Eurozon ass am Juni op 5,5 Prozent gefall, den nidderegste Stand zanter Ufank 2022
4. Zu Dikrech ass d'CSV-DP-Koalitioun an dréchenen Dicher
5. D'AMMD an den OGBL si skeptesch, wat den neie Gesondheetsplang ugeet, deen dës Woch presentéiert gouf, an deen d'Weiche soll stelle fir déi zukünfteg Entwécklung vum Secteur