Panorama
Panorama
14 min
1. D'Chamber huet de Mëtteg eng Rei Steiererliichterungen am Kader vum Solidaritéitspak 3.0 gestëmmt
2. De Stock vun abordabele Wunnengen ass 2022 ëm iwwer 6 Prozent eropgaangen, dat geet aus dem drëtte Rapport vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum ervir
3. D'Rout Kräiz mécht sech Suergen ëm déi Jonk: déi international Krisen, d'Pandemie an d'Klimakris hätten e groussen Impakt op si
4. 1.145 Persounen hunn d'lescht Joer Hëllef bei Médecins du Monde gefrot
5. Fënnef Kulturinstitutioune kréien de Statut vun engem Etablissement public
6. De Krich an der Ukrain an d'Migratioun sinn Theemen haut a muer um Sommet vun den EU-Staats- a Regierungscheffen zu Bréissel
7. 6.200 Leit ware bei der Marche blanche fir dee Jonken, deen zu Paräis bei enger Policekontroll erschoss gi war, dobäi
8. Géint de Polizist, dee geschoss hat, gëtt wéinst Homicide volontaire enquêtéiert, hien ass an Untersuchungshaft
9. Fir den Owend si 40.000 Polizisten a Frankräich mobiliséiert, eng Paräisser Gemeng huet eng Ausgangsspär fir nuets vun haut bis Méindeg de Moien verhaangen
10. Tennis: d'Caroline Wozniaki kënnegt Comeback un