Der Carly Rae Jepsen hir nei Single "Shy Boy" ass - anescht wéi dat rezent Album-Material - vum James Ford produzéiert, de Mann hanner der Band Simian an hirer Dancefloor Versioun Simian Mobile Disco, deen och schonn d'Arctic Monkeys, Florence And The Machine a Gorillaz geschaf huet. Ass dat vläicht de Partner fir Plack Nummer 7? Bis elo weess keen et.
De Marc Clement war an de Pop-Rayon sichen an huet Iwwerraschendes fonnt.