1. D'Diskussioun ëm eng Gemengepolice wäert fir d'CSV weiderhin eng Prioritéit bleiwen, sot de Stater Schäffe Serge Wilmes de Mueren hei op der Antenn
2. Mat russesche Suen den Nees-Opbau an der Ukrain bezuelen - dat wëllt d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen. Den EU-Chefdiplomat Josep Borrell ass allerdéngs méi virsiichteg. De Sujet wäert haut wuel en Theema sinn um EU-Ausseministerconseil um Kierchbierg
3. An Däitschland sollen déi bayresch Autoritéiten Telefonsgespréicher tëschent Klimaaktiviste vun der Letzte Generation mat Journalisten ofgelauschtert hunn, dat wier e Verstouss géint d'Pressefräiheet
4. De griichesche Premier Kyriakos Mitsotakis gouf fir e weidert Mandat confirméiert
5. D'ArcelorMittal-Wierk zu Fos-sur-Mer bei Marseille muss wéinst Gesondheetsbedenke fir d'Salariéen zougemaach ginn