Vill Länner an Europa bereede sech aktuell op e Summer mat ville Bëschbränn vir. D'Lescht Joer wier esou dréche gewiescht wéi nach ni, geet aus deem neien Europäesche Klimarapport ervir, dee virun enger Woch presentéiert gouf. Och fir dëse Summer gëtt mat änleche Konditioune gerechent.
Wéi gesäit et fir Lëtzebuerg aus a wéi preparéiere sech d'Autoritéiten hei am Land? D'Morgane Weidig huet nogefrot.