Aktuelles
Plurilinguismus bei Kanner zu Lëtzebuerg
4 min
Zwee Drëttel vun de Kanner zu Lëtzebuerg wuessen doheem méisproocheg op. Dat geet aus enger Enquête vum Service national de la Jeunesse ervir, fir déi méi wéi 10.000 Kanner tëschent 0 a véier Joer mat iwwer 100 verschiddenen Nationalitéite befrot goufen. Kanner, déi nëmme mat enger Sprooch opwuessen, gehéieren dëser Enquête no éischter zu enger Minoritéit hei am Land. Deemno wier et wichteg, dës Méisproochegkeet och an de Crèchen an an de Schoulen opzehuelen. Trotz den am Ganzen 147 Sproochen, déi an den Ëmfroe genannt goufen, ass déi Lëtzebuergesch Sprooch awer net a Gefor. Virun allem mat de Geschwëster schwätze vill Kanner Lëtzebuergesch.
D'Sophie Schroeder mat de Resultater vun dëser Enquête
Episoden
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.jpg)