Aktuelles
D'ASBL Passerell iwwer déi aktuell Situatioun vu Flüchtlingen
5 min
Iwwer 500 Mënschen op der Flucht kéinte beim Bootsongléck viru Griichenland Mëtt der leschter Woch ëm d'Liewe komm sinn. Bis ewell konnten 78 Doudesaffer gebuerge ginn, 104 Mënsche konnte gerett ginn. Et gëtt geschat, datt bis zu 700 Mënschen u Bord vum Fëscherboot waren, wéi et ënnergaangen ass. D'Migranten, déi iwwerlieft hunn, ginn an e Flüchtlingslager bei Athen bruecht, déi meescht kéimen aus Syrien, Afghanistan a Pakistan.
Den Accord iwwer déi europäesch Asylpolitik kéint dofir suergen, datt esou tragesch Biller sech an Zukunft méi dacks wäerten ofspillen - déi Analys mécht d'Catherine Warin, Presidentin vun der ASBL Passerell. Och zu Lëtzebuerg géif et nach Loft no uewe ginn.
D'Ana Angel informéiert.
Episoden
Groussbritannien steet no 14 Joer virun engem Muechtwiessel
D’Labour-Partei huet d’Parlamentswal mat enger confortabeler absoluter Majoritéit gewonnen
![Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?](/1_Foto/100komma7.lu/183991/image-thumb__183991__base_thumbnail/Ried%20zur%20Lag%20vun%20der%20Natioun%20Chamber.42985150.jpg)
Ried zur Lag vun der Natioun: Wéi solle Mesurë finanzéiert ginn?
Wou sinn d'Léisunge fir d'Aarmutsbekämpfung? Dat sinn d’Froen déi d’Oppositiounsparteie sech gëschter no der Ried vum Premier Luc Frieden zur Lag vun der Natioun gestallt hunn.
D'Commemoratioune fir den 80. Anniversaire vun de Landungen an der Normandie
Déi brittesch Veteranen erënnere sech.
Prozess-Optakt zu Halle: Den AFD-Chef an Thüringen, de Björn Höcke, steet viru Geriicht
Hien kritt ënner anerem virgehäit, NS-Vocabulaire benotzt ze hunn
![Bassirou Diomaye Faye | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters De Senegal steet viru grousse Verännerungen | © picture alliance/dpa/dpa-Zentralbild | Christina Peters](/1_Foto/100komma7.lu/168134/image-thumb__168134__base_thumbnail/Bassirou%20Diomaye%20Faye.6d950a44.jpg)