Panorama
Panorama
13 min
1. An der neier Proporzgemeng Beefort hunn all déi eelef Kandidate vum Buergermeeschter senger Lëscht Recours beim Verwaltungsgeriicht gemaach, well ee vun de Kandidaten op der géignerescher Lëscht géint d'Wunnsëtzklausel soll verstouss hunn
2. Zu Sëll steet den neie Schäfferot, allerdéngs ouni déi Drëttgewielten op der Lëscht, Jo Clausse. Si weist sech enttäuscht
3. De Staatsrot huet méi wéi eng Dose formell Oppositiounen zu der geplangter Reform vun der Grondsteier gemaach. Eng Ëmsetzung virun de Chamberwale gëtt doduerch éischter onwarscheinlech
4. An den éischte fënnef Méint vum Joer si méi wéi duebel sou vill Migranten an d'EU komm wéi an der Vergläichsperiod 2022, mellt Frontex
5. Haut ass eng Delegatioun vun afrikanesche Staats- a Regierungscheffen op Friddensmissioun an der Ukrain. Zu Kiew gouf et de Moien eng gréisser russesch Loftattack