Panorama
Panorama
13 min
1. Zu Klierf gëtt et eng Koalitioun tëschent der Biergerlëscht an der CSV, Buergermeeschter gëtt de Georges Keipes, den CSV-Deputé-Maire vu bis elo Emile Eicher gëtt éischte Schäffen
2. Zu Wëntger si sech CSV an DP nees eens gi fir eng Koalitioun, ënner dem Buergermeeschter Lucien Meyers
3. An der Stad hunn DP an CSV de Moien hir Koalitiounsverhandlungen ugefaangen
4. D'Gesetz iwwer d'Finanzéierung vun der Monarchie gouf an der Chamber ugepasst
5. De Marc Hostert gëtt neie President vun der Agence eSanté, de CNS-Direkter Christian Oberlé huet säi Mandat net verlängert
6. D'Carole Muller gouf fir weider dräi Joer un der Spëtzt vun der clc gewielt, d'clc heescht elo Luxembourg Confederation
7. D'Antje Voss gëtt nei Directrice vum Luxembourg City Tourist Office
8. Iwwer 500 Migrante kéinte beim Bootsongléck viru Griichenland ëm d'Liewe komm sinn
9. D'EZB huet, wéi erwaart, den europäesche Leetzëns ëm 0,25 Prozentpunkten op véier Prozent eropgesat
10. D'Ukrain kritt weider Honnerte Fluchofwier-Rakéite vu véier NATO-Memberlänner
11. De Spuenier Juan Ayuso gewënnt déi fënneft Etapp vum Tour de Suisse