Panorama
Panorama
11 min
1. An der Stad hunn haut d'Koalitiounsverhandlungen tëschent DP an CSV ugefaangen. Zu Esch starte se d'nächst Woch, annoncéieren CSV, DP an déi gréng
2. D'Europäesch Zentralbank dierft de Mëtteg eng weider Zënshausse fir den Euroraum annoncéieren
3. De Boris Johnson huet dat brittescht Parlament bewosst ëmmer erëm getäuscht a belunn. Zu dëser Conclusioun koum déi parlamentaresch Enquêtëkommissioun, déi sech mam sougenannte Partygate-Skandal ronderëm de fréiere Premierminister befaasst huet
4. D'Ukrain a Russland mellen allebéid op en Neits géigneresch Loftattacken
5. Mat Rekordtemperature si mir an de Mount Juni gestart, mellt den europäeschen Äerdobersvatiounsdéngscht Kopernikus. Zanter den éischten Opzeechnunge wieren d'Temperature weltwäit an deem Zäitraum nach ni esou héich gewiescht wéi dëst Joer