Panorama
Panorama
13 min
1. De fréiere Geheimdéngschtmataarbechter Frank Schneider ass kuerz viru senger Ausliwwerung un d'USA aus sengem Hausarrest a Frankräich verschwonnen a gëtt vun der franséischer Justiz gesicht
2. D'CSV-Fraktioun ass dogéint, datt de Staat d'Hallschent vum neien ArcelorMittal-Siège um Kierchbierg fir 274 Milliounen Euro keeft
3. De Minister François Bausch wëllt nach virun der Summerpaus eng Decisioun huelen, wéi eng Variant vum Käerjenger Contournement soll realiséiert ginn
4. Éischte Spuetestéch haut vum Contournement vun Housen, de Chantier soll sechs Joer daueren
3. De Reakter 4 vun der Atomzentral vu Cattenom gouf wéinst engem technesche Problem um Haapttransformator vum Netz geholl
4. Zu Lëtzebuerg leeft eng Enquête géint déi amerikanesch Firma IM Mastery Academy
5. Der EU-Kommissioun dreet eng zweet Nidderlag géint Lëtzebuerg an Amazon: d'Generalaffekotin vum Europäesche Geriichtshaff kënnt zur Conclusioun, datt Lëtzebuerg Amazon keng illegal staatlech Hëllefen a Form vu Steiervirdeeler accordéiert huet
6. Am jorelaange Sträit iwwer eng gemeinsam Asylpolitik zeechent sech e virleefegen Accord of, Lëtzebuerg ass awer net domat zefridden
6. Bei enger Messerattack op enger Spillplaz zu Annecy goufen et sechs Blesséierter dorënner véier kleng Kanner
7. Den ukrainesche President Selenskij war haut op Visitt an der iwwerschwemmter Krichsregioun Cherson
8. De Jonas Vingegaard gewënnt déi fënneft Etapp vum Critérium du Dauphiné