De 7. Juni ass nawell keen onwichtegen Dag an der Museksgeschicht. Haut viru 65 Joer koum zu Minneapolis de Prince Roger Nelson op d'Welt an e bësse méi spéit, op engem 7. Juni 1963, huet eng jonk brittesch Band hir éischt Single virgestallt: "Come On" huet d'Lidd geheescht an d'Band hat sech den Numm The Rolling Stones ginn. Zesumme mam Claudine Muno lauschtere mer nach eemol an deen Titel eran.
arrow_back_ios
Song vum Dag
Wéi de Steen an d'Rulle koum
