Panorama
Panorama
10 min
1. An der Lëtzebuerger Haaptstad wier d'Sécherheet fir Foussgänger bei Zebrasträife weider net gutt, kritiséiert den Zentrum fir urban Gerechtegkeet. Bei Zonen, wou d'Vitess op 30 limitéiert ass, géifen dacks Zebrasträife feelen oder si wiere net korrekt
2. An der Informatik gëtt et vill oppen Aarbechtsplazen, mee net genuch qualifizéiert Leit. Dofir gouf elo zu Lëtzebuerg d'Plattform "digital skills" lancéiert
3. A Frankräich hunn d'Gewerkschaften haut zu engem weidere Streik- a Protestdag géint d'Pensiounsreform opgeruff. Dee 14. Mobilisatiouns-Dag kéint eventuell dee Leschte sinn, menge verschidde franséisch Medien