Panorama
Panorama
9 min
1. D'Piratepartei wëll an den 13 Gemengen, wou se mat komplette Lëschten untrëtt, mat op d'mannst engem Vertrieder an de Gemengerot kommen, dat Zil wier realistesch, sot hire Beroder Tommy Klein de Moien am 100,7 Interview
2. De Luxair Direkter gëtt am 100,7 Interview Erklärungen zu de Annulatiounen a Verspéidungen um Péngscht-Weekend
3. Revolutionär Entdeckung op der Uni Lëtzebuerg. Fuerscher hunn nogewisen, datt Krankheeten, wéi Parkinson, duerch eng Protein am Blutt kënnen erkannt ginn
4. No den Dronen-Attacken op Moskau sot Washington, d'USA géife kéng Attacken op russesch Gebidder ënnerstëtzen. D'Ukrain dementéiert weider, datt si hannert den Attacke stécht
5. No de neien Onrouen a Nord-Kosovo schéckt d'Nato 700 zousätzlech Zaldoten an de Kosovo
6. Nordkorea huet de Moie probéiert e Spionage-Satellit ze lancéieren. Deen huet säin Zil awer net erreecht an ass an d'Mier erofgefall
7. Déi kënschtlech Intelligenz kéint zum Ausstierwe vun der Mënschheet féieren. Dat steet an engem Communiqué, dee vun Dosende vun Experten ënnerschriwwe gouf
8. Spiller vun de klénge Länner: Am Tennis bei de Frae spillt d'Lëtzebuergerin Eléonora Molinaro de Moie géint d'Malteeserin Elaine Genovese