Panorama
Panorama
9 min
1. Am Fall Heeschverbuet ass dat lescht Wuert nach net geschwat. Dat huet de Stater DP-Schäffe Patrick Goldschmit de Mueren an eiser Emissioun Karten op den Dësch betount. D'Oppositiounsparteien aus dem Gemengerot gesi sech an hirer Positioun confirméiert
2. Et gëtt weider Onkloerheet iwwer d'Situatioun an der ukrainescher Stad Bachmut. Moskau a Kiew widdersprieche sech an hiren Aussoen
3. A Griichenland gëtt haut en neit Parlament gewielt. Als Favorit gëllt déi konservativ Regierungspartei Nea Dimokratia vum Premierminister Kyriakos Mitsotakis
5. An Nordirland huet mat der Sinn Fein fir d'éischte Kéier eng Partei bei der Kommunalwal gewonnen, déi sech fir eng Unioun mam EU-Nopeschland Irland ausschwätzt