Liewe fir de Veräin
Jean-Paul Bliss
43 min
Et ginn där ganz vill, Frënn vu sougenannte Kult-Autoen, och hei zu Lëtzebuerg. D'Geschicht vun esou engem Won geet zeréck bis virun den Zweete Weltkrich. An den 1930er Jore wollt de Nazi-Regimm den Däitsche ee Won fir d'Vollek ginn, ee Volkswon. Mam Ausbroch vum Krich koum et net méi dozou, an esou fänkt d'Geschicht vum Volkswagen Typ 1, alias Käfer, eréischt duerno un. De Käfer gouf zum Symbol vum sougenannte Wirtschaftswunder a West-Däitschland. Iwwer dëse Kult-Auto an de Käfer-Club Lëtzebuerg informéiert den Invité, Comitésmember vum Käfer-Club Lëtzebuerg.