Panorama
Panorama
13 min
1. Déi annoncéiert Hausse vun de lëtzebuergesche Militärausgabe stéisst bei de Parteien net iwwerall op positiv Réckmeldungen
2. D'ADR stäipt am Gemengewalkampf den Automobilisten de Réck, virun deenen anere Participanten am Stroosseverkéier
3. Et ginn ëmmer nach Mënschen hei am Land, déi nach ni den Internet benotzt hunn. Eng nei Etude vum LISER beschäftegt sech mam digitale Gruef an der Gesellschaft
4. Lëtzebuerg hëlt no drësseg Joer 2024 nees um Eurovision Song Contest deel
5. Am Mali huet d'Militärjunta méiglecherweis Krichsverbrieche begaangen, geet aus engem neie Rapport vun der UNO ervir
6. Wéinst de Kämpf tëschent Militärregierung an der paramilitäresche Grupp RSF sinn am Sudan an tëschent 200.000 Mënsche baussent d'Land geflücht, mellt d'UNO