Klassik aktuell
"It's similar to flying"
9 min
![on the headlines](/legacy/images/13369/image-thumb__13369__base_thumbnail/Cameron_Carpenter-24-photo_Gavin_Evans-XXxXXcm-COL_300DPI_RGB_gm.fe719889.jpg)
Bei der Uergel denkt een dacks direkt u Kierchen, reliéis Musek an u Persounen an engem bestëmmten Alter. An dat Schema schéngt de Cameron Carpenter net eran ze passen. An dat wëll hien och net. Den US-Amerikaner huet mat sechs Joer ugefaangen Uergel ze spillen a beschreift sech selwer als Museker mat engem rebelleschen Häerz. Wéi änlech säi Beruff mat deem vun engem Pilot oder engem Zuchchauffer ass, a wat hien iwwer de Stereotyp vum Uergelspiller denkt, ënner anerem dat huet de Cameron Carpenter dem Marie Schockmel verroden.