Panorama
Panorama
14 min
1. De Minister Bausch presentéiert déi nei Richtlinne vun der Verdeedegungspolitik: d'Militärdepensë gi progressiv eropgesat bis op eng Milliard Euro 2028
2. Neie Pilotprojet an der Stad: Cargo-Bikes sollen de Stadzentrum entlaaschten
3. De groussherzoglechen Haff weist d'Virwërf vum Buergermeeschter vu Châteauneuf-Grasse zeréck, datt d'groussherzoglech Famill sech net un d'Waasser-Restriktiounen am Summer halen
4. De klenge Prënz François gëtt den 3. Juni an der Kierch zu Fëschbech vum Kardinol Hollerich gedeeft
5. D'Post hat d'lescht Joer en Ëmsaz vun 892 Milliounen Euro
6. Encevo hat d'lescht Joer en Nettobenefice vun 107 Milliounen Euro
7. Groussbritannie liwwert Laangstrecke-Rakéiten un d'Ukrain
8. Den UNO-Mënscherechtsrot fuerdert en Enn vun der Gewalt am Sudan
9. Dat Iewescht Geriicht am Pakistan huet dem fréiere Premier Imran Khan seng Verhaftung fir illegal erkläert
10. D'Weltgesondheetsorganisatioun huet de Gesondheetsnoutstand wéinst den Afepouken opgehuewen
11. Explosioun an engem Héichhaus bei Düsseldorf: eng Läich gouf fonnt, eng Persoun gouf verhaft
12. Den Dän Mads Pedersen gewënnt déi sechst Etapp vum Giro d'Italia