Panorama
Panorama
11 min
1. A Russland huet de President Wladimir Putin de Mueren um Joresdag vun der russescher Victoire iwwer Nazidäitschland de Westen accuséiert, de Krich an der Ukrain orchestréiert ze hunn, fir Russland ze zerstéieren
2. D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen ass op Visitt zu Kiew, am Kader vum Europadag, deen zukünfteg och an der Ukrain soll gefeiert ginn
3. Den däitsche Bundeskanzler Olaf Scholz huet de Muere virum Europaparlament d'Bedeitung vum Europadag ervirgehuewen
4. A Portugal kriselt et op en Neits an der Politik. Et geet alt nees ëm d'Réckschléi vun der Fluggesellschaft TAP, déi soll privatiséiert ginn