Panorama
Panorama
11 min
1. Den UEL-President géif "de Kapp an de Sand stiechen" a Saachen Aarbechtszäitverkierzung, esou de Reproche vum Aarbechtsminister Engel
2. De Statec rechent schonn am drëttenTrimester dëst Joer mat enger weiderer Indextranche
3. D'Verwaltungsgeriicht stellt eng Diskriminatioun beim Reklassement vun de Karriäre bei der Police fest, den OGBL gesäit elo d'Regierung am Handlungsbedarf
4. D'Konkurrenz-Autoritéit verdächtegt e puer Entreprisen am Sécherheets- a Gardiennagesecteur, d'Präisser ënner sech ausgemaach ze hunn
5. Santé: D'Zuel vu sexuell iwwerdrobare Krankheeten ass ëm bal 24 Prozent an engem Joer an d'Luucht gaangen
6. Haut ass den 78. Commemoratiounsdag, wou un d'Enn vum Zweete Weltkrich 1945 geduecht gëtt
7. Dräi Méint nom Äerdbiewen an der Tierkei an a Syrien sinn d'Mënschen nach ëmmer op humanitär Hëllef ugewisen
8. Bei engem Militärhelikopter-Crash an Indie sinn dräi Mënschen um Buedem gestuerwen