Liewe fir de Veräin
Maryse Arendt a Jos Voss
45 min
Epilepsie kann an all Alter optrieden, d'Liewenspläng zerstéieren, Dreem zerbriechen an e puer vun engem senge Wënsch an de Beräich vun den enttäuschten Hoffnungen ofleeën. Eng Epilepsie-Attack kënnt ouni Warnung, am Dag, an der Nuecht, zu all Moment. D'Epilepsie, déi fréier als Däiwelskrankheet a spéider als psychiatresch Krankheet gegollt huet, ass an den Ae vun enger breeder Allgemengheet nach ëmmer onbekannt. Informatiounen iwwer d'Epilepsie, wéi och iwwer d'Aarbechten vun der Associatioun ginn et vun den zwee Invitéen, Comitésmember a President vun der Association d'Aide aux Personnes Epileptiques AAPE.