Et ass e Projet, dee Schauspill a Musek matenee verbënnt. Déi nei Büneproduktioun "Weinender Mond" vun der Kammerata Lëtzebuerg besteet aus engem Mix vu populärer an zäitgenëssescher Musek. Et ass ënner anerem och eng Uropféierung vun engem Stéck vum Lëtzebuerger Komponist Claude Lenners dobäi.
D'Regie fir d'Inzenéierung vum Bünewierk iwwerhuelen de Jacques Schiltz an d'Claire Wagener. De Christophe Mirkes huet sech mat hinnen iwwer déi artistesch Uspréch an dëser Produktioun ënnerhalen.