Och Museker lauschtere Musek a verléiwen sech an d'Musek vun aneren. Seele koumen esou vill Kollaboratiounen op de Marché vu Kënschtler, déi sech géigesäiteg bewonneren an dofir wëllen zesummeschaffen.
De Song vum Dag bréngt dee Studiobassist, deen um Kendrick Lamar sengem erfollegräichen "To Pimp a Butterfly" d'Déiftounkonscht bäigesteiert huet an een australesche psychedelic Rock Epigon zesummen.
Presentéiert vum Marc Clement.