Déi lescht Joren huet Lëtzebuerg net genuch gemaach fir de Kampf géint de Klimawandel an de Grëff ze kréien, dat war de Konsens an der Emissioun Kaarten op den Dësch. Invitéë waren den Energiefuerscher Stefan Maas vun der Uni.lu, den Direkter vu Greepeace Lëtzebuerg Raymond Aendekerk an de President vun Eurosolar Lëtzebuerg, Paul Zens. Si gleewen zwar drun, datt deen neien Klima- an Energieplang vun der Regierung richteg Jalone setzt fir déi nächst Joeen, allerdéngs géif de Succès vun deem Plang vu ganz ville Facteuren ofhänken. Detailer huet d'Christiane Kleer.
arrow_back_ios
Aktuelles
"Et ass nach vill Sputt no uewen"
Lauschteren
play_arrow
headphones
5 min
Episoden
Et ass nees esouwäit
Vun e Samsden op e Sonnden gëtt d’Zait nees em eng Stonn zréck geréckelt. D’ Julie Hoffmann war bei d'Leit nofroen wat si vun der Zäitëmstellung halen.
Ënnerwee op der Nuit des Musées
Den 10. Oktober war déi 25. Editioun vun der Nuit des Musées.
Kaffi: Fir vill Leit net ewechzedenken
Fir vill Leit gehéiert de Kaffi zum Alldag. Mee bis en an eiser Taass lant, huet en e laange Wee hannert sech.
Éier d'Schueberfouer d'Dieren opmécht
Laang éier déi éischt Visiteuren iwwert d'Schueberfouer lafen, gëtt um Site scho fläisseg geschafft, datt déi verschidde Spiller an Attraktioune prett a sécher fir den Dag sinn.
Impressioune vun der Journée du Portugal
De 6. Juni war zu Diddeleng d'Journée du Portugal. An dem Kader war och de Portugisesche President AntonioJosé Seguro op der Plaz. Mir hunn e puer Impressiounen agefaangen.