Klassik aktuell
De Sirba Octet fir säin éischte Concert an der Philharmonie
7 min
Selwer ass hie Geiist am Orchestre de Paris. De Richard Schmoucler ass och den artisteschen Direkter vum Sirba Octet, engem Ensembel, dee Musek aus Osteuropa opféiert. Mat dobäi sinn ënner anerem d'Klezmer Musek, jiddesch Musek. Haut den Owend (24.04.) stinn déi aacht Museker fir d'éischte Kéier op der Bün an der Philharmonie. An dat net eleng, mee zesumme mat de Solistes Européens, Luxembourg a mam Christoph König um Dirigentepult. De Richard Schmoucler huet dem Marie Schockmel méi iwwer dës Kollaboratioun verroden.