D'Diversitéit an eisem Land ass enorm, d'Unzuel un Nationalitéiten a Kulture beandrockend. Wéi ginn eigentlech eis Forces de l'Ordre mat dësem Ëmstand ëm? Sinn si den Erausfuerderunge vu Rassismus an Diskriminatioun gewuess?
Dës Froe stellt d'Laura Zuccoli, Biergerrechtlerin ronderëm Froe vum Zesummeliewen.