Liewe fir de Veräin
Jimmy Schmitz
45 min
Proprietär vun engem Appartement, engem Haus oder engem Bauterrain, dat sinn vill Leit hei am Land. Mee Proprietär vun engem Bësch, oder vun engem Deel vun engem Bësch, dat ass wuel net esou eppes Alldeegleches. An awer ginn et zu Lëtzebuerg vill Proprietäre vu Bësch, vun deenen der dann och vill bei der ASBL Groupement des sylviculteurs - Lëtzebuerger Privatbësch affiliéiert sinn. Detailer iwwer déi Associatioun ginn et vum Member vum Verwaltungsrot vun der ASBL Groupement des sylviculteurs - Lëtzebuerger Privatbësch.