Liewe fir de Veräin
Lëtzebuerger Rousefrënn
46 min
An der Zäit vun der Belle Epoque war Lëtzebuerg an der ganzer Welt als Land vun de Rouse bekannt. Am 19. Joerhonnert hu sech zwee jonk Gäertner an hirer Bamschoul um Lampertsbierg op d'Ziichte vu Rousen spezialiséiert. Déi eenzegaarteg Ziichtungen hunn net nëmmen eng Rei international Präisser gewonnen, mee waren och ee grousse wirtschaftlechen Erfolleg. Dat ass awer leider scho ganz ganz laang passé.
Ronn 600 verschidde Rouse goufen an där Zäit um Lampertsbierg geziicht. Ufank den 1980er Jore grënne sech d'Lëtzebuerger Rousefrënn. Si kucke fir esou vill wéi méiglech deemools hei am Land geziichte Rousen an der ganzer Welt ze fannen an nees an d'Land zeréckzebréngen.
D'Sekretärin vun der ASBL Lëtzebuerger Rousefrënn mat weideren Detailer.