Aktuelles
Finnland offiziell Member vun der NATO
3 min
De Jean Asselborn begréisst, datt Finnland den Dënschdeg offiziell den 31. Member vun der NATO gouf. Et wier een "historeschen Dag". Finnland a Schweden hate kuerz nom Ufank vum russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain zäitgläich eng Demande fir een NATO-Bäitrëtt gestallt. Mam Bäitrëtt vu Finnland an d'Militärallianz huet sech d'NATO-Baussegrenz mat Russland elo méi wéi verduebelt. Den Nato-Bäitrëtt vu Schweden dogéint gëtt weiderhi vun zwee Nato-Memberstaate blockéiert. D'Marlène Clement informéiert.