Klassik aktuell
Musikalesch Energie héich 5
7 min
![on the headlines](/legacy/images/84643/image-thumb__84643__base_thumbnail/Acelga%20Quintett%2C%20v.74e409cc.jpg)
Acelga ass Spuenesch a bedeit esou vill wéi Mangold. Mangold ass och den Nonumm vun der Flüttistin Hanna. A genee wéi d'Geméis Mangold, dat voller Vitaminne stécht, spillt och de Bléiserquintett voller Energie. 2012 hunn déi fënnef Museker:inne sech fonnt, an dat obwuel si all a verschiddene Stied an Däitschland wunnen: Hamburg, Mannheim, Karlsruhe a Köln. De 25. November gesäit ee si erëm all zesummen, op hirem Concert de Midi an der Protestantescher Kierch. D'Marie Schockmel huet sech mat der Hanna Mangold ënnerhalen.