Een Album ronderëm den Dram? Deen huet d'Naama Liany zesumme mat der Pianistin Rosalia Lopez erausbruecht. Elo ass et un der Zäit, de Programm am Kader vun engem Concert dem Public virzestellen. Mat dobäi ass nieft "Combat del Somni" vum Federico Mompou an "Despite and Still" vum Leonard Bernstein och d'Radio-Oper "The Blue Piano" vun der Albena Petrovic. Am Ganzen séngt d'Naama Liany a 5 verschiddene Sproochen: Katalanesch, Russesch, Däitsch, Franséisch an Englesch. D'Marie Schockmel huet sech mat der Sängerin ënnerhalen.
arrow_back_ios
Klassik aktuell
Daydream
headphones
9 min
Lauschteren
play_arrow
