Panorama
Panorama
9 min
1. D'Heesch-Verbuet an der Stad Lëtzebuerg ass duerch: Gëschter goufen et laang Diskussiounen am Stater Gemengerot, schaarf Kritik a Virwërf vu Waltaktik koume vun Oppositiounssäit
2. An Israel ginn d'Protester géint déi ëmstridde Justizreform vun der Regierung Netanjahu virun, dat obwuel de Premier d'Reform gëschter virleefeg gestoppt hat. D'Decisioun gouf vun der Oppositioun begréisst.
3. No der Schéisserei mat sechs Doudegen an enger Schoul zu Nashville bleiwen d'Motiver vun der 28 Joer aler Fra onkloer. D'Fra déi bei der Attack erschoss gouf hat awer Notizze bei sech. Der Police no géif sech awer e Motiv ofzeechnen.
4. D'Ukrain krut an Tëschenzäit däitsch Leopoard an brittesch Challenger Panzer geliwwert, dat huet déi ukrainesch Militärspëtzt confirméiert. D'Material soll den Ukrainer Virdeeler bei enger geplangter Fréijoersoffensiv bidden.
5. Dat ungarescht Parlament huet gëschter gréng Luucht gi fir e finneschen NATO-Bäitrëtt, eng grouss Majoritéit huet dofir gestëmmt. Elo feelt just nach den Accord vun der Tierkei deen awer net a Fro steet.