Invité:e vum Dag
Luc Caregari
16 min
D'Associatioun vun de Beruffsjournalisten ALJP setzt sech dofir an, datt Journalisten hei am Land ënnert de bescht méigleche Konditioune kënne schaffe fir hirer Missioun, ze informéieren, gerecht ze ginn. Dowéinst setzt si sech ënnert anerem och dofir an, datt Journalisten ouni Aschränkungen op d'Informatiounen aus dem "Registre des Bénéficiaires Effectifs" kann zougräifen. Dat wier wichteg fir d'Transparenz a fir de Kampf géint d'Geldwäscher, op deenen hire Spuere Journalisten ënnerwee sinn. Mee, kann Transparenz iwwer Dateschutz stoen? Doriwwer schwätzt d'Christiane Kleer mam neie President vun der Associatioun vun de Beruffsjournalisten.