Panorama
Panorama
10 min
1. An engem Audit iwwer d'Personalgestioun beim SIGI si Reprochë vu sexuellem Harcèlement opkomm. De Gemengesyndikat préift elo, ob den Dossier un d'Justiz weidergeleet gëtt, sot d'Vizepresidentin vum SIGI de Moien am 100,7-Interview.
2. D'lescht Woch war schonn de President vum SIGI, den Iechternacher Buergermeeschter Yves Wengler zréck getrueden. Dat nodeems 3 Auditte massiv Mëssstänn an der Finanz- a Personalgestioun beim Syndikat festgestallt hunn.
3. Mam Sam Tanson als Spëtzekandidatin zéien déi gréng an d'Chamberwalen, gëschter gouf d'Politikerin op engem ausseruerdentleche Kongress nominéiert. Et ass déi éischte Kéier dat déi Gréng mat enger Spëtzekandidatin an d'Wale ginn.
4. Virun de Chamberwale soll näischt mi am Educatiounsberäich reforméiert ginn, dat war gëschter d'Konklusioun an der Petitiounsdebatt an der Chamber.
5. D'WHO huet d'Impf-Recommandatioun géint Covid geännert: Gesond Leit ënner 60 Joer brauchen no enger éischter Impfung an engem Booster keng weider Impfung méi